
De grousse Casting
Nom grousse Succès vun der zweeter Staffel „Eist Wëllt Lëtzebuerg“ op RTL KannaTivi, gëtt elo eng drëtt Staffel gedréint. Dat nees ënnert dem Motto „Junior“.
Op www.welltletzebuerg.lu fënns du all d’Episode vun der éischter an zweeter Staffel.

Grousse Casting
Fir déi drëtt Staffel siche mir 5 Kanner, déi:
- Am Alter tëscht 9 an 13 Joer (Meedercher a Jongen)
- Gutt Lëtzebuergesch schwätzen
- Un der Natur interesséiert sinn
- Net schei sinn!
Fills du dech elo ugeschwat? Da bass du genee richteg fir déi drëtt Staffel vun „Eist Wëllt Lëtzebuerg“!
Fir matzemaache brauche mir:
- Eng Foto vun dir,
- E Presentatiounsvideo vu maximal 3 Minutten. Erklär eis eppes iwwer d’Natur (z.B.: géi an de Bësch an erklär eis eppes iwwert eng Bamart, een Déier, …) - der Kreativitéit si keng Grenze gesat!
Schéck deng Kandidatur bis den 12 Mäerz 2023 u casting@welltletzebuerg.lu.
Falls d’Videodatei ze grouss ass, kanns du et och gären iwwer e WeTransfer-Link raschécken. Mir freeën eis op deng Bewerbung a vläicht bass du een(t) vun den neie Gesiichter vun „Eist Wëllt Lëtzebuerg.
Mir maachen eng Selektioun vun de Kandidaten an déi gi fir eng zweet Ronn an d'RTL City invitéiert. Informatioune fir deng Elteren: D’Datumer fir d’Tournagë ginn nach ausgemaach. Well d’Natur onberechenbar ass, ass Flexibilitéit gefrot.
Am Viraus ee grousse Merci u jiddereen deen hei matgemaach huet.
Eist wëllt Lëtzebuerg
Série de vidéos sur la faune et la flore sauvage au Luxembourg
Afin de présenter cette grande richesse en biodiversité, le ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable a réalisé une série de documentaires en collaboration avec RTL Luxembourg. Au fil de la série de cinq vidéos, petits et grands partent ensemble à la découverte de la faune et flore sauvage du Grand-Duché.
Les vidéos étaient diffusées sur «RTL KannaTivi», le programme hebdomadaire d’RTL dédié spécifiquement aux enfants en septembre et octobre 2022 et puis sur RTL Play et emwelt.lu.
Nouvelles cartes illustrées
Serie von Videos über die Fauna und Flora Luxemburgs
Um diesen großen Reichtum an biologischer Vielfalt zu präsentieren, hat das Ministerium für Umwelt, Klima und nachhaltige Entwicklung in Zusammenarbeit mit RTL Luxemburg eine Reihe von Dokumentarfilmen produziert. Im Laufe der fünfteiligen Videoserie gehen Groß und Klein gemeinsam auf Entdeckungsreise durch die wilde Tier- und Pflanzenwelt des Großherzogtums.
Die Videos wurden im September und Oktober 2022 zunächst auf "RTL KannaTivi", dem wöchentlichen RTL-Programm speziell für Kinder, und anschließend auf RTL Play und emwelt.lu ausgestrahlt.
Neue illustrierte Karten
Vidéos édition 2022
Episode 5/5 Mëllerdall
Episode 4/5 osten
Episode 3/5 norden
Episode 2/5 zentrum
Episode 1/5 süden
teaser
Vidéos - édition 2017

Crédits photographiques:
RTL LUXEMBOURG